top of page

Moien an Wëllkom op der Blogsait vun PAPPYA BBQ'N WINE easy & tasty Grill !

 

Mäin Numm ass J-Marie, an hei op dëser Säit fannt dir an Zukunft Fotoen, Infoen, Rezepter, Videolinks an nach vill méi, iwwert mäin Lëtzebuerger Youtube Kanal wou sech alles ronderëm Thema Grill,BBQ an Wein dreint.

Ech sinn keen Chef de cuisine, Kach oder hunn iergend welch Grill Cours'en beluecht (nach net), Familljepapp vun 2 Kanner deen d'Gas Grillen fir sech entdeckt huet. Jiddereen soll kennen dat nogrillen oder kachen kennen waat ech an mengen Videoen weisen.

Grill Rezepter déi ech op Youtube an an Kachbicher fannen, probéieren ech nozegrillen.

Dofir ass et mir wichteg déi Video sou einfach wei méiglech ze halen. Et geet net drems fir d'Grillen nei ze erfannen oder een ze kopéieren, op kee Fall, mee just em dei lecker Rezepter.

Produkttester, Videoreportagen, Zesummenaarbecht mat Frënn déi och an der Branche täteg sinn an nach méi wäerten dësen Projet vervollstännegen.

Et ass nach alles am Opbau an just en Hobby ... ech gin net gesponsert, ass awer net aussze schleissen an Zukunft. ;-).Produktplacementer kennen och an den Video firkommen.

​

!! WICHTEG !!

 

Wann dir dei verschidden Interessant Linke oder Banner net gesidd dann hudd Dir ären "Adblocker" un oder meng Sait ass an ärer "Adressbar" als net secher angestuft . Vue dass ech dest alles Privat maachen an den Site gratis ass an Onkeschten gedeckt mussen gin hun ech e puer Interessant Affiliate Links op menger Sait angebaut dei all mat dem Thema ze din hun.



Bis geschwënn bleift hongereg an gitt Gas ... Ech ginn Gas op engem Weber Spirit E320 GBS * http://amzn.to/2kEEGDj

-----------------------------------------------------------------------------
Wou dir PAPPYA BBQ'N WINE och nach fannt:

Youtube: Pappya Bbq'n Wine
Instagram: Pappyabq
Facebook: Pappya BBQ'n Wine
Website: www.pappyabbq.eu


-----------------------------------------------------------------------------
Adblocker ausmaachen an meng Säit an der Adressleescht ( uewen lenks) net Blockeieren, wegl wann Dir wëllt mäin Projet ënnerstëtzen !! Cool, Decken Merci am viraus !!!

​​

 

 

Grafiken, Sounds, Logo'en,Schreftarten, Photoshop Plugins asw dei fannt dir hei:

 

* https://videohive.net/user/pappyabbq/portfolio?ref=Pappyabbq

* = !! Affiliate Link Hinweis !!


Bei den Links handelt et sech em sog. Affiliate Links.
Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-).

​

Autor: Birchem J-Marie aka Jem

 

​

support ass keen mord ;-)

© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page