top of page

Steak à l'Os PREMIUM Reckwerts gegrillt

  • PappyaBBQ
  • 20. Feb. 2017
  • 2 Min. Lesezeit

> Steak à l'Os Premium 0,639kg

> Rasse: Limousin

> Ziichter: Feipel-Splicks et Fils vun Leideleng

> Altervum Beicht: 29 Meint

Moien, ech hunn mech dann emol gewot een Steak à l'Os PREMIUM Reckwerts ze grillen. Wat ass domatten gemengt ? Ma un sech ganz einfach. Amplaz dass een den Steak als eischt vun deenen 2 Säiten ubréit, leet een en Indirekt op den Grill. D.h an eng Zone mat niddereger Temperatur oder wei ech et gemeet hunn op en klengen Grillrost deen iwwert dem normalen Grillrost ass (Weber Standard). Den Steak loung virdrun an der Kichen um Teller an konnt Zëmmertemperatur unhuelen.

Zu deem Moment hat den Grill eng Temperatur vun +/- 205°. Deckel zou an waarden bis den Steak eng Kärtemperatur vun 58° erreecht huet, daat keint nawel daueren, an mengem Fall hei 1 gut Stonn. Ass déi erreecht den Steak dann nach vun all säit 2 min gutt ubroden oder wann een eng "Sizzle Zone" huet ëmsou besser, dann do drop leen.

Kuerz Erklärung: Eng Sizzle Zone um Grill ass een Infrarout Brenner deen Infrarotwärmestrahlung erzeugt. Heibäi ginn keramesch Brenner mat dausenden vun gläichméissegen ugeuerdneten Flamenausläss verwendet. Déi Energie vun den Flamen gëtt vun der Keramik absorbéiert. Quelle:Wikipedia

Dann den Steak nach 5-8min rouen loossen an no Wonsch Pefferen an Salzen. Ech hunn hei den *Grill Pfeffer vun Klaus Grillt an Fleur de Sel Spezial Fleesch benotzt mat e puer Schallotten an Rosmarin.

Resultat ass en Steack Medium, sefteg an voller Röstaromen, zart Rosa an der mëtt.

vill Spaass beim Nogrillen,gudde appetit an gitt Gas ;-)

Steak à l'os

*!! Affiliate Link Hinweis !!

Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)

 
 
 

Comments


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page