Poulet's Drumsticks
- PappyaBBQ
- 22. Feb. 2017
- 1 Min. Lesezeit
Haut sinn et dann emol Poulet's Drumsticks ginn, oder wei ass den lëtz. Numm ? Fliichten sinn jo Flilleken kéint et Poulet's Stempelen sinn ?
Iwwer Nuecht hunn ech se an e bessen Oliven Ueleg mat * Rib Rib Hurra (een leckeren Rub vum Klaus Grillt ) Marinade geluecht! Duerno fir gutt 15 min bei 175° indirekt op eng speziell Virriichtung an den Grill "gehaangen". Bei 68° Kerntemperatur hunn ech se dunn erof geholl an nach eng kéier kuerz direkt op den Grill geluecht fir eng Knuspereg Haut um Poulet ze kréien! Als Bäilag sinn et kleng Carré Gromperen ginn mat Rosmarin, an kleng Tomaten mat Champignon am Kraiderbotter och indirekt an enger Aluschuel um Grill.

*!! Affiliate Link Hinweis !!
Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)
Comments