top of page

Selwer gemaachten "Carazza"

  • PappyaBBQ
  • 22. Feb. 2017
  • 2 Min. Lesezeit

Wei ech Youtube duerchsicht hunn no leckeren "Entrée'en" oder "Partysnacks" ass mir dëst Rezept opgefall.

Selwergemaachten "Carazza", dat sinn souzesoen mini Calzzone.

Et ginn 2 Varianten déi schnell mat fäerdegem Deeg, an déi mäi lues eben mat selwer gemaachtem Deeg. An mengem Fall wielen ech ëmmer déi 1 Variant fir net sou vill Zäit ze verléieren.

Wat brauchen mer fir 8 Pizzaen :

1 Dous (mat 8 Piècen) fäerdeg Breidecherdeeg " Sonntagsbrötchen" ( am Supermarché iwwert der Grenz niert dem Daichmann ;-))

16 kleng Salami (2 pro Pizza)

2 Scheiwen Gouda (ëmmer duerch 4 gedeelt)

Tomatenmark

bëssen Oregano

Oflaf:

1. den Grill op 200° ophetzen loossen

2. déi 8 Piècen mat Queeschschnëtt an 2 deelen, an sou gutt wei et geet ausrullen, ech recommandéiere se een nom aneren ze maachen

3. een deel mat Salami, Gouda, Tomatenmark (net ze vill) an Oregano beleeën, bessen *Klaus grillt Pizzaiola driwer streen.

4. elo den 2. deel op deen beluechten Deel drop leen an d'Ränner mateneen verbannen (schwieregsten Deel), benotzt hei eng Forschette fir déi 2 Deeler mateneen ze Verbannen.

5. kontrolléieren op déi 2 Deeler gutt mateneen verbonnen sinn, net dass herno alles um Grill leit .... ;-)

6. huet den Grill seng Temperatur erreecht, leen mer d'Pizzaen all Saït fir +/- 1 bis 2 min. bei direkter Hetzt um Grill ugrillen (no enger min kontrolléieren)

7. duerno d'Pizzaen fir 10-12min an enger indirekt Zone (am beschten héich geluecht) weider "baken" ....

Fäerdeg .... an gudden Appetit

ps als Vegetarier Variant einfach d'Salami duerch Tofuscheiwen ersetzen

*

*!! Affiliate Link Hinweis !!

Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)

 
 
 

Commentaires


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page