Paella vum Grill
- PappyaBBQ
- 2. März 2017
- 2 Min. Lesezeit
Haut sollt dann den groussen Daag sin fir meng 1. selwer gemaachte Paella vum Grill mat frëschen "Fruits de mer". Un sech huet och alles gut ugefaang. Geschter hun ech schon en groussen Deel akaaf, d'Mieresfriiechten sin ech awer dann frësch den mueren kaafen gaang. Alles wor gut prepareiert ... Alles ? Leider huet mech dann Technik no 20min am stach geloss sou dass ech leider den Akt um Grill net gefilmt kritt hun. Bon ech hätt et och mam Handy keinten filmen mee leider hun ech do nach net daat Material. Dofir dann haut just Rezept mat Fotoen an den Video kennt dann no ... Et klappt eben net emmer alles esou wei een sech daat firstellt .
Virbereedung: 10-20 min
Grillzäit: 45-55min
Rezept (liicht emgeännert) : *Weber's Seafood - Die besten Grill Rezepte :
75ml Olivenueleg
1 kleng Zwibel
1 EL gehackten Knuewelek
1/4 grobt Miersalz ( ech hun benotzt : *Sal do Atlantico )
1/8 fresch gemuelenen schwarzen Peffer ( ech hun benotzt: *Jamie Oliver - Black Pepper)
1 rout Paprika
1 kleng Dous Ierbsen
500gr Chorizo
1EL Cucurma
35gr Speziell Paella Gewürz
1/2 TL Safranfuedem
1L Feschfong
400gr Paellareis
1 Heilbuttfilet
350gr kiichenfärdeg Moulen
350gr kiichenfärdeg Venusmuschelen
500gr Garnelen, geschielt an entduarmt
d'Lorbeer Blieder hun ech net benotzt
Glas Wain iwer Desch: Gran Coronas - Cabernet Sauvignon 2010 Familia Torres Pendès Torres Reserva

Den Grill op 175° - 230° firhetzen. Olivenueleg an d'Paan gin an Zwibelen, Knuewelek, Paprika, Salz an Peffer beimeschen.
D'Chorizo nierft d'Paan (*Lodge - Gusseisenpaan 30cm duerchm. an 5cm deift) op den Grill leen an gut ungrillen.
Bei zouenem Deckel daat ganzt 8 min. unbroden an ab und zu dran reieren.
Chorizo erof vum Grill huelen wann se eng brongelsech faarw ungehol hun an an kleng Rondelen schneiden a beiseit leen.
Den Safran beimeschen an gut reieren. Dann den Feschfond an d'Paan scheden (hun nach 400ml Waaser nogeschot sou dass d'Paan 3/4 voll wor,hänkt dann vun ärer Paan of),Paella Gewürz an Curcuma gut verdeelt beigin. Deckel zou an daat ganzt 12min zum kaachen brengen.
Duerno den Reis an d'Paan gin : an Kreizform an just eng keier an enger 8. Bewegung den Reis an der Paan verdeelen an duerno net mei dran reieren. Chorizo an d'Paan gin an erem weider 5min alles zum Kaachen brengen.
Elo den Fesch an d'Paan drecken,d'Moulen an Venusmuschelen an der Paan verdeelen an alles erem 10min garen lossen.
Zum Schluss d'Garnelen verdeelen an alles nach eng 15-20min um Grill lossen bis d'Flessegkeet vum Reis opgehol gin ass.
5min befier mer d'Paan eraus huelen gin mer nach d'Ierdsen drop. Deckel erem zou an ofwaarden ..;-)
D'Venusmuschelen dei net opgaangen sin eweg geheien. Et kann och firkommen dass Material um Grillrost leit well beim opgoen vun den Muschelen drecken dei dann eben Material eraus.
Wei der Gesidd ass meng Paan nawel gut voll gin. Dir kennt natierlech ärer Fantasie och freien laaf lossen an dei verschidden Zoutaten oder Quantiteiten varriieiren. Hei ass eben meng Variant.
Gudden Appetit an vill spaas beim Nomaachen ...

Comentarios