top of page

Poêle Autrichienne

  • PappyaBBQ
  • 9. März 2017
  • 1 Min. Lesezeit

Haut konnt ech dann emol erem fir gut Frënn grillen. Et ass eppes gin waat ech an engem Restaurant mol gesin resp. gies hun eng "Poêle Autrichienne" mat Tomaten an Mozzarella vum Grill als Beilaag. Ganz easy ze maachen an Mega lecker. Waat braucht dir dofir: (je no unzuel vun Gäscht) 2 Filet mignon v. Schwein Salz an Schwarzen Peffer Oregano Knuewelek an Zwiebelen kleng gehakt 500gr Eerknöpfle an Bacon, sou 2 Streifen pro Steck Fleesch Salz,Peffer,Knuewelek an den Oregano huelt dir esou vill wei et Ierch no dem Gout ass. Natierlech kennt dir och hei mat den Gewürzer variieren an ausprobeieren. D'Auberginen,d'Tomaten an den Mozzarella an Scheiwen schneiden, bessen Oliven Ueleg driwer schedden an herno an enger hetzebestänneger Schossel mat op den Grill als Beilaag.

Update 11.03.17 : Leider beim zesummenschneiden vum Video hun ech gemierkt dass meng Kamera zum Schluss erem den Geescht opgin huet (schon fir 2.) aargggghh .. Sou dass deen Deel fehlt wei ech den Teller beleen an d'Fleesch opschneiden. Ass elo eben esou. Ech hun den Video awer Online gessat.

 
 
 

Comentários


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page