top of page

Wagyu ? Waat ?

  • PappyaBBQ
  • 16. März 2017
  • 4 Min. Lesezeit

Virun kuerzem hun ech Ierch an engem Video gewisen wou ech Online Fleesch bestallt hun an zwar bei Otto-Gourmet.de. Ma elo war et sou weit an ech hun daat 1. Fleesch op den Grill bruecht an den Video dozou fannt dir op mengem Youtubekanal.

En << Morgan Ranch Wagyu Steakhouse Burger 170gr. >>. Hei fannt der Info iwert d'Morgan Ranch !

Waat ass Wagyu (oder och nach Kobe Rand) Fleesch iwerhaapt ?

D' Wagyū-Rind ass eng Rannerrasse Japaneschem Ursprong, an asss daat deiersten Hausrand vund der Welt.

Wagyū hescht iwersetzt „japanescht Rand“. Wa = Japan-/japanesch an Gyu = Rand.

Eng Besonnerheet deser „indigenen“ Ranner ass, dass sie an hierer langer Geschicht kaum Kreizungen ennerzun gin sin. Den Verzehr war no den Gesetzen vum Buddhismus an Japan verbueden.

Et gin haut drei hefeg optriedend Wagyu-Rassen. Japanese Black (Kuroge Wagyu), Japanese Shorthorn (Tankaku Wagyu) an Japanese Brown (Akage Wagyu). Japanese Black dominiert awer den Maart.

Wagyū-Rand ass als Kobe-Rind immens bekannt, waat awer insofern net ganz richteg ass, well nemmen d'Fleesch vun Wagyū-Ranner, der an der japanischen Regioun "Kōbe" gebuer, opgewues, gemästet und geschluecht gin sin, dierfen den Num "Kōbe" droen. Vergleichbar mat dem Champagner oder den Nürnberger Liefkuchen oder den Thüringer. Vun an Japan insgesamt ronn 774.000 geschluechteten Wagyū-Ranner duerften 2009 nemmen 3066 als Kobe-Fleisch deklariert gin.

Den Export vun Wagyū-Fleesch, liewenden Ranner, Embryonen oder Somen aus Japan ass (Ziel Europa) erreicht seit Mëtt Juli 2014 meiglech.

An Europa get d'Wagyū-Rind nemmen vun weinegen Ziichter gehaalen, Wagyū-Ranner sin meeschtens schwarz, wobei et och rout Deieren get.

Sie sin mettelgrouss (Bullen: 800–1000 kg, Keih: 450–600 kg) mat enger gut ausgebildeter Scheller an kräftegen, deitlech gewenkelter Hannerhand. Et gin keng kenstlech Wuestumstumshormone benotzt, souwei keen Antibiotika. D'Wagyū-Rand duerf un sech och duebel esou laang liewen bis zur Schluechtung wei een normalt Rand.

Anescht wei bei aaneren Rannerass d'Fett am Fleesch vum Wagyū-Rinder net punktuell, mee gleichmäßeg an mat enger ganz feiner Marmorierung am Muskelfleesch verdeelt. Wagyū-Fleesch huet am Vergleich zu aneren Rannerrassen een bis zu 50 % mei heigen Undeel un "ongesättegen" Fettseieren. Also Schlussfolgernd och mei gesond. Hei en Interessanten Video zum Wagyū-Rand.

A Kombinatioun mat dem seltenen Virkommen an der lueser Mast ass daat Fleesch vum Wagyū-Rand net nemmen eng Delikatess, mee doriwer raus och nach en gefrotent Luxusprodukt. Fir en Rengrassegt Wagyū-Rand gin Preiser an 5 Stellegen Euro Bereicher gefrot. Kilopreiser teschent 300€ an 500€ hun do keng seltenheet

Wagyu Bulle aus Chile - Von Fernando Hartwig - Eigenes Werk, CC BY-SA 3.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=6618737

Von Orlando G. Calvo - I took the picture, CC BY-SA 3.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=3922690

Foto von Orlando G. Calvo - I took the picture, CC BY-SA 3.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=3922690

Ok, elo wesse mer waat Wagyū ass an hei sin meng gut Stecker (2 vun 4;-) ) an der 1.Phase. Dh. aus dem Tiefkühler an den Frigo fir ze enteen. Laut Otto-Gourmet sollt d'Fleesch sou em 20°C Zemmertemperatur hun eit een et op den Grillt leet. Ausnahm ass hei daat Japanescht Wagyu Fleesch daat soll een direkt aus dem Frigo op den Grill leen well et esou zaart ass dass et bei Zemmertemperatur unfänkt mat schmelzen. Hun main Morgan Ranch Wagyū Burger den 10.03. um 20:50 eraus aus dem Tiefkühler gehol an an den Frigo geluecht. Sou dass ech et den Samsdeg den 11.03 fir 18:00 kann op den Grill leen.

2. Phase den 11.3 geint 6:30 mol nogekuckt (sin vun der Nuetschicht komm ;-))

Dei Lescht Phase dann owes no 18:00 vum Grill ;-), main eischten WAGYU-Burger mat Dänescher Burger Sauce, Schmelzkeis, Bacon,Zalot,Gromperkichelchen en Spigelee. Ech soen Ierch daat Fleesch ass esou zaart an lecker. Et lung och en Randfleesch Burger, 100% Letzebuerger Fleesch, mat um Grill fir en Schmaach-Test ze maachen. Ech well eis Regional Produit'en net deskrediteieren an gin bewosst net op den Verglach an. Fazit : Absolut derwärt !!!!!

Fir meng Variant vum WAGYU Burger braucht dir folgend Saachen:

1 170gr Morgan Ranch WAGYU Steakhouse Burger

Burger Zoss ( je no loscht )

2 Tranchen Speck

1 Scheif Schmelzkeis

1 Ee

bessen Zalot

Burger Brout

1 Gromperkichelchen (selwer gemaach oder alt eben schon faerdeg)

Oflaaf:

d'Gromperkichelcher souweit firbereeden dass se an 6 min faerdeg sin (sou laang brauchen d'Patties aka Burger)

den Grill gut ophetzen an esou entkeimen

duerno den Grill an 2 Zonen opdeelen (direkt an indirekt)

d'Patties (Burger) am ganzen 3 min vun all Sait grillen

no 90 sek d'Patties em 45° dreinen fir datt mer daat Rautenmuster an d'Fleesch kreien

no weideren 90 sek d'Patties emdreinen an daat selwescht mat der aanerer Sait maachen

dann kenne mer d'Patties eriwer an dei indirekt zone leen sou dass se waarm bleiwen awer net mei gegrillt gin

mir kennen elo den Speck an d'Spigelee grillen (d'Spigelee kann och an der Kichen an der Paan gemeet gin)

Wann d'Gromperkichelcher souweit faerdeg sin kenne mer och schon ufänken alles ze beleen.

gudden Appetit

*

*!! Affiliate Link Hinweis !!

Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)

 
 
 

Kommentare


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page