top of page

Review Springbreak 2017 aka Freijorsfoire

  • PappyaBBQ
  • 25. März 2017
  • 2 Min. Lesezeit

Geschter wor ech dann mol erem engkeier op d'Freijorsfoire ähm "Springbreak". Naja den Numm fannen ech perseinlech elo net gut geroden mee d'Idee fir der Ex-Freijorsfoire en mei Jonke Touch ze verpassen huet mer em sou besser gefall. Mat am ganzen 5 Haalen also 42750m2 Ausstellerfläch an mei wei 250 Pop-Up Stores, also Verkaafsstänn.

Haal 2 Springlab - Luxinnovations,Start-Ups

Haal 3 Springgarden

Haal 7 Urbanfood village

Haal 8 Springkitchen

Haal 9 Springgaming

Woubei ech d'Haal 9 fir iwerflesseg emfonnt hun, mee awer an d'Konzept vun der "Verjungung" passt fir d'Jugend unzezeihen.

Et woren net esou vill Leit do, vlait weint dem Bommenalarm vu Daag virdrun, an trotz Secherheetskontroll an der Entrée ? Kee wees et ! Op allen Fall war et immens angenehm.

Natierlech fir PAPPYA BBQ'N WINE waren d'Haalen 3,7 an 8 am Interessantesten fir nei Kontakter am Bereich Grillen,Outdoor an Wein ze knäppen. Waat och gut geklappt huet, ech konnt e puer Interssant Kontakter hierstellen, a hun *eng BBQ Paan vun AMT "die Beste Pfanne der Welt" fir en Prakteschen Test gesponsort kritt, ouni wierklech dofir gefrot ze hun. Coolen Geste vun AMT. An engem speideren Test op mengem Youtubekanal gin ech dann mei an den Detail vun deser "beschter Paan vun der Welt" an.

Erfirhiewen well ech hei awer den Urban Food Village, daat wor wierklech eng mei wei gut Idee. Top Produit'en, vill Variatiounen an eng immens Ambiance. Waat mech emmer erem steiert op esou Foiren sin dei Stänn an mengem Fall geschter eben en Asiateschen Drechenfriischtenhäandler ;-) (2 Stänn op der Springbreak) dei, soen mer mol net Aggresiv mee Impulsiv d'Leit op hier Stänn zeihen fir Vent'en ze maachen. Dobai sief gesot (aus eegener Erfahrung) dass een net dierf aktiv Klient'en op sain Stand ausserhalb dem gelounten Bereich zeihen mee den Klient vum selwen muss an oder bei den Stand kommen. Mee bon huet gesteiert wells de hues misste 6 mol soen nee merci ech well naischt kaafen, ass awer net Tragesch gewierscht.

Ech fannen et soll een sech d'Springbreak roueg unkucken goen, och wann daat neit Konzept elo bessen Zait brauch fir un d'Fra oder den Mann ze kommen.

Bis geschënn, bleift hongereg an git Gas.

*!! Affiliate Link Hinweis !!

Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)


 
 
 

Комментарии


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page