Fëlschdrefer 2,5Kg Poulet
- PappyaBBQ
- 9. Apr. 2017
- 1 Min. Lesezeit
Un sech ass et schon e bessen mei Laang hier dass ech dëst gut Steck gegrillt hun. Wor och net esou schweier ze maachen wei geduecht. Den Video fannt dir op mengem Youtubekanal.
Waat hun ech benotzt :
2,5 kg Poulet vum Fëlschdrefer Bauer Steichen
2 Wuerzelen
1 Zucchini
1/2 Rout an 1/2 Giel Paprika
1 Zwiebel
1 Zeif Knueweelck
2 Streicher Schalotten
Rosmarin
Bratkartoffel Gewürz
Oliven Ueleg
Als eischt Gemeis, Knueweleck, Zwiebelen an Schalotten kleng schneiden
Den Pouelt tëschent der Haut an dem Flësch anschneiden. Dann den Poulet komplett mam Rub anreiwen teschent der Haut an op der Haut.
Duerno den Poulet mat dem Knueweleck, Zwiebelen an Schalotten fellen. Bessen Ueleg driwer an op den Grill.
D'Gromperen opsetzen an mell kachen lossen.
Wann den Poulet sou em 60° errecht huet en en emmer erem mat enger Marinade unstreichen an d'Gromperen an d'Gemeis bei den Poulet op den Grill gin.
Warden bis den Poulet seng Kärtemperatur vun 68° ereecht huet.
Keng grouss Konscht, awer mega lecker. En Poulet um Grill leisst vill Variatiounen an Meiglechkeeten op, versicht et och emol ...
Gudden Appetit ....

*!! Affiliate Link Hinweis !!
Bei den Links op deser Saït handelt et sech em sog. Affiliate Links. Wann dir iwwert déi Links eppes kaaft, geet en klengen Betrag un mech an natierlech ouni dass Dir dofir méi fir den Produit bezuelen musst ;-). Support ass keen Mord ;-)
Comentarios