top of page

Reportage: Grillmanufaktur Eisen Marx zu Saarbrecken/Klarenthal

  • PappyaBBQ
  • 11. Apr. 2017
  • 3 Min. Lesezeit

Oh je ech wusst net wou ech sollt als eischt iwerall hin kucken ... Mee fänken mer einfach emol vun Ufank un. Op der Schaff huet mer en Aarbeschtskolleg vun engem Grillgeschäft erzielt zu Saarbrecken deen senges Gleichen sicht. Riets vor vum Eisen Marx aus Saarbrecken Klarenthal.

Natierlech huet daat mech direkt brennend interesseiert an sin dun gleich Mettwochs den 29.3 dohin gefuer.

An ech sin definitif net enttäuscht gin. Griller, Schwenker an Accessoiren souweit een konnt kucken, sou eppes fannt dir net bei eis hei am Land. Eisen Marx ass dei greissten Grillmanufaktur aus dem Saarlaand. Also wann nach eppes fehlt fir d'Saison unzefänken dann fannt der daat secher hei.

Mee wien sinn dann Eisen Marx ??

- 6. Juni 1959 gouf Eisen Marx vum Richard Marx gegrennt.

- 7. Juli 1973 huet den heitegen Geschäftsführer Klaus Marx d'Firma iwerhol.

- 1979 an no greisseren Embauaarbeschten gouf dann Eisen Marx gmbH gegrennt

- Aus dem "Eisen- an Haushaltswaren Geschäft" sin am Laaf vun den Joeren dei 2 Branchen Handel an Service mat Tresoren an Grillgeräter entstaan.

- 1998 ass d'Verkaafs- an d'Ausstellungsfläch deitlech vergreissert gin an mat 600qm eng vun den greissten an Deitschland. 200qm Tresoraustellung an Service Atelier.

- Seit 2005 an besteht en Lager vun 500qm.

- Eisen Marx gmbH ass en Ausbildungsbetrieb an huet Spezialiseiert Fachpersonal.

- 2006 war dann d'Eröffnung vun der Saarland-Grillschule, hei kennt dir dann ennert Fachlecher Unleedung dei verschidden Grilltechniken leieren.

- Zenter hier huet den Klaus schon iwer 2000 Tresoren zu Letzebuerg verkaaf ... Police,Douane, asw

Wei ass et weider gaang ?

Ma ech hun dann d'Ulrike Marx kennengeleiert, Sie ass den Chef am Geschäft (Vente), dei mech dann mam Klaus Marx, den Chef vun den Tresoren an der Manufaktur, bekannt gemeet huet. Iwer d'Frënndlechkeet vun der Hausherrin an dem Hausherr brauche mer hei net ze schwätzen, dei wor Mega.

Wei ech en gefrot hun fir en klenge Reportage kennen ze dreinen iwert sain Geschäft wor en absolut net ofgeneigt an huet mech direkt fir Samsdeg den 1.4. op eng Privatfeier angelueden, an et wor keen Abrëllsgeck.

Do krutt ech dann en richtegen Ableck wei professionell an spezialieisert Eisen Marx wierklech ass.

No dem Motto "Gott lenkt, der Mensch denkt, der Saarländer schwenkt!" fannt dir Dreibeenschwenker, Galgenschwenker, Grillgalgen, Grillroste, Dutch Oven, Smoker, Pizza Uewen, Holzkuel- an Gasgrill asw. Huelt Ierch Zait mat fir dei Rieseg Expo ze kucken ....

WEBER, Napoleon, Broil King, Monolith, Barbecook, Rösle an Petromax fir der nemmen e puer ze nennen sinn Marken dei dir bei Eisen Marx nierft hierer eegener Mark "Grillmanufaktur Saarland - Grillgeräte®" fannt, vun der klengster Schrauf bis zum motoriseiertem Grillspies hun se och all Accesoiren fir all Marken dei dir braucht.

Wann dir dann emol bis ären Draamgrill oder Schwenker fonnt hudd kennt och gleich en Seminar an hierer "Saarland Grillschule by Eisen Marx" buchen an dir leiert an enger Familiärer- (kann ech bestätegen) Atmosphere wei een Perfekt grillt.

Kuckt Ierch den Videoreportage op mengem Youtubekanal un oder maacht Ierch am Beschten selwer är Meenung andeems der d'Ulrike an den Klaus Marx op Saarbrecken besichen gitt.

Fotoquelle: saarland-grillgeräte.de

Foto/Quelle : Saarland-grillgeräte.de mit freundlicher Genehmigung

Weini Eisen Marx op huet, wei der dohin kommt an waat se alles hun souwei weider Informatiounen fannt dir iwert desen LINK .

*Ech well ausdrecklech dorop hinweisen dass ech net gesponsort gin sinn oder Iergend eng Zouwendung vun Eisen Marx oder soss iergend engem Hiersteller kritt hun fir desen Beitrag oder den Video op Youtube. Alles Eegeninitiativ menger Saits !!!

 
 
 

Comments


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page