top of page

Ouschter Kalefsbrod mat Fëllung

  • PappyaBBQ
  • 15. Apr. 2017
  • 2 Min. Lesezeit

Ech hun mer dann Zeit geholl fir main eischten Brod um Grill ze maachen. D'Rezept staamt aus der Zeitung Beef. Et ass just liicht emgeännert well ech verschidden Saachen net fonnt oder mir et net iessen heiheem.

Leider muss ech erem soen dass Technik mech am stach geloss, ech kann awer aus Zeit Grënn net emmer alles Nei filmem dofir lueden ech d'Videon awer op Youtube erop.

Hei dann emol d'Rezept à la Pappya:

- dir braucht en Kalefsbrod je no Unzuel vun Leit teschent 2,5 - an 3,5kg

- 300gr Blattspinat

- 6 Blieder Salbei

- 120gr Schalotten (kleng geschnidden)

- 2 Knuewelekszeiwen (kleng geschnidden)

- 4 Scheiwen getoast Brioche

- Rosmarin, Peffer, Salz, Muskaatnuss

- 200gr Botter

- 100ml Crème ( Schlagsahne)

- 400gr Brät (altern. Grobe Bratwurst ouni Haut)

- 160gr Trüffel ( altern. Champignons)

- 200gr Nier (net benotzt)

1. Spinat am kachenden Salzwaasser blancheieren an mat eiskaalem Waasser ofschrecken.

2. Schalotten an Knueweleck kleng hacken.

3. 50gr Botter ann engem Deppen erhetzen, Schalotten an Knueweleck undünsten bis se Goldgiel sin.

4. Salbei dobai gin an mat Peffer, Salz an Muskat würzen.

5. Spinat an Schalotten ofkillen lossen.

6. Scheiwen Brioche Toasten, an Trüffel ( oder Champignons) veierelen.

7. Kalefsbrocht ausbreeden mat Salz an Peffer würzen an beleen wei enne op der Foto (mat ausnahm vun den Nieren an dem Brät) d'Alternativen stin uewen am Rezept.

8. den Brod zesummenrullen an mat Kiichengarn befestegen.

9. Uewendrop nach Rosmarin fest maachen.

10. Elo bei 240°C 30 min ungrillen ( wei am Video ), dann Temp. erof op 160°C, bessen Botter driwer an daat ganzt 3 - 4 Stonnen goen lossen. Ab und zu duerno kucken.

11. No 2 Stonnen 1L Waasser beischeden, den Brot regelmeisseg mat dem Saaft bestreichen.

12. no gut 3 Stonnen kann een 800ml Kalefsfong mat bei d'Saaft gin

13. Wann den Brod färdeg ass 10 min rouen lossen, Brodsaaft siften an kachen lossen an mat Saucenbinder verdeckflessegen.

Gudden Apetit ....

Den Oflaaf kennt kennt dir natierlech och op mengem Youtubekanal kucken.

 
 
 

コメント


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page