top of page

Crusty Mignon

  • PappyaBBQ
  • 11. Juni 2017
  • 2 Min. Lesezeit

Sou, no enger mei laanger Paus ennert aanerem och aus Familiären Grenn, ass dann erem en klenge Video Online op mengem Youtube Kanal. Hei den Link : https://www.youtube.com/watch?v=0h5Lh4TaiaQ

Crusty Mignon mat Spinat an Keis

D'Rezept fir d'Fleesch hun ech op engem Facebook Kanal gesin an fir d'Beilag an der Zeitschrëft BEEF!

Ech hun emmer eous meng Schwieregkeeten fir emmer alles zum selweschten Zeitpunkt faerdeg ze kreien, zemmols wann Gemeis mat am Spill. Daat Schwieregst bei desem Rezept ass opzepassen dass d'Fleesch net ze drechen um Enn ass. Dofir alles esou weit wei et geet am Virraus prepareieren.

Wann d'Fleesch sou eng 6-8°C vun der gewenschter Kärtemperatur eweg ass,d'Fleesch an Stecker schneiden dann den ( virdrun 2-3 min garen ) Spinat an den Keis drop an dann nach e bessen goen lossen bis dei gew. Kärtemp. ereecht ass.

Bis dohin mussen d'Gromperen an Beilaagen och faerdeg sin. Gromperen hun ech ganz geloss, haat keng Zeit mei ;-)

Beilaagen kennt dir am virraus schon schneiden an prepareieren an dann wei gesot wann Zeit ass op den Grill setzen, uelegen an würzen je no Gout.

Leider hun ech am Video net gefilmt wei den Keis op d'Fleesch geluecht get an Beilagen um Teller vergies.

Mee wann Kand a Fra hongereg sin dann get et schon mol stresseg ;-)

Hei emol waat der braucht : ( je no unzuel vun Leit)

- 1 Filet Mignon sou em 500gr - en Rub oder eng Marinade - 175gr Spinatblieder - 8-10 Bacon Scheiwen - 8 Scheiwen Gouda Keis (oder aaneren Schmelzkeis) - 4 Zalotherzer - Peffer, Salz, Olivenueleg - 2 Zwibelen - 2 Knuewelekszeiwen - 1 Zitroun - Pinienkären, Roud Beeren Peffer (Deko) ;-) - Gromperen an Rosmarin


 
 
 

Comments


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page