top of page

1,1kg Tomahawk by EMO - Golden Beef

  • PappyaBBQ
  • 22. Juni 2017
  • 3 Min. Lesezeit

Als aller eischt sief gesot dass desen Blogpost an den Video op mengem Youtubekanal net vum EMO gesponsert oder vun iergend engem ennertstetz gin ass. Et wor main Privaten Invest, an deen huet Mega Tasty geschmaacht.;-)

Ech fannen et wichteg dass mir och eis Letzebuerger Qualiteitsfleesch sollen mol promoveieren an domadden natierlech och eis National Produzenten ennerstetzen.

Villeicht wier daat och mol en Thema waat ech keint an en Reportage emsetzen an emol Fleesch beim Bauer kaafen … à voir.

Mee kommen mer dann emol zu mengem klengen Fazit vun deem Monster 1,1kg Tomahawk Steak vum EMO.

An elo zum National Feierdaag Spezial ;-) .........

Wei ech virun e puer Deeg mat mengem Meedchen vum Sangen an Danzen komm sin an mir dei Onmenschlech Hell Stëmm vum Barbara nach emmer an den Ouren soutz an net nach ze frei wor fir den Bouf an d'Schoul sichen ze goen sin ech e Kaffi an den EMO op Elleng-Gare drenken gaang.

An do lungen an houngen se, dei Wonnerbar Letzebuerger Limousin Stecker, EMO Golden Beef Tomahawk 72€/kg mat min. 5 Wochen « Reifezeit »

D'Fleesch haat definitif deen "Dry Aged" Geschmaach. Vlait op der Ennensäit en bessen zevill Fett, mee alles an allen wor praktesch naischt fir eweg ze geheien ausser d'Schank. Den Prais deen een bezillt ass dann och fir d'Fleesch an net fir d'Fett. Ech hun et bei 54°C vum Grill geholl well ech et nach liicht Bluddeg wollt hun. Geif awer bei der nächster Keier et 5min mei laang um Grill lossen an esou eng Kärtemperatur vun 58°C - 61°C ereechen. Dann wier et Perfekt. D'Fleesch huet awer och esou einfach nemmen Mega geschmaacht.

Bewosst hun ech deskeier keen Rub oder eng zoss benotzt an wollt mech reng op den Goût vum Fleesch konzentreieren. Nodeems waat et gehaalen huet waat mer versprach gin ass gouf daat ganzt just mat dem Peffer vum Klaus grillt an speziellem Fleur de Sel fir Fleesch verfeinert. Einfach nemmen lecker. Den Daag duerno haat ech dann och erem Freed fir den Rescht ze geneissen deen opgewiemt nach emmer lecker geschmaacht huet.

Absolut derwert fir e besonnegen Grillmoment ...

Weider Infoen iwert d'Marque "EMO-Golden Beef fannt dir hei: http://www.emo.lu/actualites/emo-golden-beef/

(Qualit. vun der Iphone Foto get dem Fleesch net gerecht)

Ech muss eierlech soen dass mech dei nei Opmaach oder Marketing Strategie vum EMO Metzler unsprecht an en immense grousse Ennerscheed ass wei deen "Emo Metzeler" wei ech en kannt hun. D'Fleesch ass besser präsenteiert an et huet een mei Choix, d'Qualiteit kennt dobai vill besser zum vierschein.

Weider Informatioun an Detailer iwert d'Ranner an dei nei Produit'en fannt dir op hierer Sait : http://www.emo.lu/wp-content/uploads/2016/01/depliant-web.pdf

1,1kg Tomahawk Steak mat Schupfnuddelen an Zucchini-Dinkelpäckchen

Zoutaten :

1 Steak Tomahawk 1,1kg

250ml Gemeis Fond

150gr geschroteten Dinkel

½ Zwiebel

2 Knueweleks Zeiwen

1 grouss Zucchini

1 EL Weisse Wain

1 EL Soja Sauce

1 EL Agavendicksaft

1 TL Thymian

Olivenuelg

Peffer an Salz

Fir d'Beilaag:

1. Den Dinkel an engem Gemeisfond opkachen, 12 min bei klenger Hëtzt garen. Dann 10 min mat deckel ausquellen lossen.

2. Zwibelen an Knueweleck kleng hacken an an enger Pan ophëtzen an glaseg "anschwitzen" bis alles goldgiel ass. Gekachten Dinkel dobai gin an an 3 min. broden ( upps ech hun et am Dëppeb gmeet ;_) )

3. Mat Agavensaaft, Sojasauce an Wein ofläschen an Thymian verfeinern (oder je no gout)

4. Zucchini an Dënn Scheiwen schneiden, iwer Kreiz leen an mat dem Dinkelhack fëllen, anklappen an event. mat Kiichengarn festmaachen.

5. Schupfnudeln an d'Pan geheien an an esou 6-8min gut unbroden, event. mat Zimt verfeineren

6. D'Päckchen mat Olivenueleg komplett unstreichen an 3-4min grillen kuerz befier d'Fleesch färdeg ass.

Fir d'Fleesch:

Je no Deckt min 90sek bei 250°C ugrillen, dann em 45° dreinen an erem 90sek ugrillen.

Duerno daat selwescht mat der aaner Sait vum Fleesch.

Wann daat gedoen ass leen mer d'Flesch fir esou 25-30min an dei indirekt Zone vum Grill oder bis dei gewënschten Kärtemperatur ereecht ass.

Am Video ass d'Fleesch net "à Point" mee "Medium Raw" also nach liicht Bluddeg an haat eng Kärtemp. vun 54°C (gewollt), ech geif awer hei an Zukunft esou eng Kärtemp. vun 58° bis 61° roden.

Vill Spaas beim Nogrillen, Bleift hongereg an git Gas

Pappya


 
 
 

Comments


© 2023 by Salt & Pepper. Proudly created with Wix.com

Main Server

*

bottom of page