Pain Georgien
- PappyaBBQ
- 28. Juli 2017
- 1 Min. Lesezeit
Ok, et ass schon e bessen Zait vergaangen zënter mengem leschten Video. Mee ech kann emmer erem nemmen betounen dass ech dest alles als Hobby maachen an Zait dofir emmer erem ze knapps ass. Mee egal neien Video ass jo Online. Dest Rezept hun ech bei Chef Club op FB gesin an hun mer geduecht daat misst ech awer emol probeieren.
Waat brauchen mer dofir, ma un sech net vill:
* Pizzadeeg * 250gr Gehacktes * 20cl Tomatensauce * 1 Zwiebel * 1 Ee * 1 Mozzarella * 12 gedrechnet Tomaten * 100gr Cheddar
Wei et gemeet get gesitt dir och an mengem Video op Youtube ---> https://youtu.be/7rwMzjtvBoI

1. Mir prepareieren den Gehacktes no eisem Gout (Peffer,Salz,Gewürzer asw.)
2. Pizzadeeg ausrullen an den Mozzarella an Tomaten um Rand verdeelen.
3. Den Pizzadeeg dureno an eng Ovalform (geseit aus wei en Aan) formen.
4. mat dem Gehacktes opfëllen.
5. Pizzasauce driwer verdeelen an mat dem Cheddar garneieren.
6. En Ee zum Schluss an d'Mëtt op den Pain Georgien setzen, muss awer net sin.
7. bei 180° 20-25min indirekt op engem Pizzasteen grillen.
GUDDEN APETTIT ...
an
Vill Spaas beim nomaachen ....
Comments